Internetoptrëtt op Lëtzebuergesch: Pilotprojet vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der Gemeng Nidderaanwen ënnerstëtzt vum SYVICOL
A Präsenz vum Kulturminister Eric Thill gouf e Méindeg, de 31. Mäerz 2025 zu Nidderaanwen ee Pilotprojet virgestallt, dee virgesäit, datt den Internetoptrëtt vun der Gemeng an Zukunft och op Lëtzebuergesch ass. De SYVICOL, als Daachverband vun den 100 Stied a Gemengen, ënnerstëtzt des Initiativ. De Kulturminister Eric Thill, den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Alexandre Ecker, an de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, vertrueden duerch de Buergermeeschter Fréd Ternes, hunn e Méindeg, den 31. Mäerz 2025 eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d’Visibilitéit an d’Notzung vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen ze stäerken. D’Gemenge sinn am Alldag no bei de Biergerinnen a Bierger a sinn dacks déi éischt Ulafstell fir...