Matières

Portrait-Serie – Tim Karius, neie Comitésmember : „ Am SYVICOL geet et mir dorëms, datt mir alleguerten um selwechte Strang zéien, well d‘Gemenge sinn d’Basis vun der Politik hei am Land.“

Hien ass net nëmmen een Newcomer an der Gemengepolitik, mee virun allem een, dee vill Wäert op Teamspirit an Transparenz leet. Rieds ass vum Tim Karius, zënter Februar 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Lenneng, fir deen et elo och säin éischt Mandant am SYVICOL ass, wou hien all d‘Gemengen aus dem Kanton Réimech vertrëtt.

Op d’Welt koum den Tim Karius den 20. Oktober 1983 an ass domadder net nëmmen ee vun den neien, mee och vun de méi jonke Gesiichter am aktuelle Comité vum SYVICOL, dee sech den 8. Januar constituéiert huet. „An och wann ech am Stärzeechen eng Wo sinn, sinn ech selte richteg ausbalancéiert“ seet hie mat engem Laachen, well duerfir wär hien ze vill „straight to the point“, direkt eben an och ongedëlleg, esou jiddefalls de gebiertege Kanecher.

Kanech ass déi gréissten Uertschaft vu senger Gemeng, déi ronn 2.100 Awunner mat 54 verschiddenen Nationalitéiten zielt. „Et war héich Zäit, eng nei Ära anzelauden an déi al Pied ze verloossen“, esou den Tim Karius als Erklärung fir säi politescht Engagement. No de Komplementarwalen am November 2022 huet hien dunn zesumme mam Philippe Gengler a mam Jean-Marie Hermann, déi aner zwee Membere vum Schäfferot, der politescher Pattsituatioun an der Gemeng en Enn gesat. An e puer Méint méi spéit bei de Wale vun 2023 kruten déi dräi d‘Vertraue vun de Bierger.

Säi Programm ass ambitiéis a resuméiert sech am beschte mat „aus Lenneng eppes maachen“. Eng Politik déi zukunftsorientéiert ass. Nei Iddien a frësche Wand si weider Schlagwierder, déi de politesche Stil vum Tim Karius, deen um Ministère du Logement als Employé de l’État an der Karriär A1 schafft, beschreiwen. Um Ministère schafft hien am Beräich Gestion locative sociale a kennt sech och mat Sujete wéi dem Logement abordable aus.

Mee zeréck op Kanech. Wichteg sinn him den Teamgeescht an d‘Transparenz. Och envers vum Bierger wat gutt ukënnt. Hie schwätzt dann och ëmmer vun „mir als Schäfferot“, „mir als Gemengerot“ a „mir als Gemeng“. Hie geet dobäi deels onkonventionell Weeër a suergt fir eng gutt Kommunikatioun mat de Conseilleren. „Si musse jo duerno mat ofstëmmen, duerfir wëlle mir se och direkt mat abannen“, esou den Tim Karius dozou.

A Saache Projete gouf et direkt mol e Stopp fir de geplangte Gemengenatelier an de Pompjeesbau, déi elo aneschters wäert realiséiert ginn. E weidere Problem ass de Volet Schoul. Et feelt u Plaz, duerfir gëtt sech aktiv Gedanke gemaach iwwert en neie Site wou d’Kanner all kënnen ënnert engem Daach d’Schoulbänk drécken an net wéi bis elo op 3 verschiddene Plazen. Och d’Maison relais ass ze kleng. „Do musse mir eis och seriö Gedanke maachen, wa mir wëllen eng modern Gemeng ginn, déi hire ländleche Charakter awer net soll verléieren. Och d'Spillplazen an d‘Sportinfrastrukture mussen amenagéiert ginn.“ erkläert den Tim Karius.

A wéi koum et dann zu sengem Engagement am SYVICOL? „D’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen am Kanton Réimech ass ganz gutt. Mir hunn als Schäfferéit beispillsweis e Whatsapp-Grupp a gesinn eis och all 3 Méint fir ze kucke wou een dem aneren ënnert d'Äerm gräife kann“ esou den Tim Karius, dee sech dat och wäert zu Notze maachen als Delegéierten am SYVICOL, wou hien nieft senger Heemechtsgemeng och nach d’Gemenge Bous-Waldbriedemes, Duelem, Munneref, Réimech, Schengen a Stadbriedemes vertrëtt. Wat ënnert d'Äerm gräife konkret bedeit illustréiert sech domadder datt d'Gemeng Lenneng elo Réimech de Receveur fir eng Zäit ausléint fir et mol esou ze formuléieren.

„Am SYVICOL geet et mir dorëms, datt mir alleguerten um selwechte Strang zéien, well d‘Gemenge sinn d’Basis vun der Politik hei am Land“, esou den Tim Karius, fir deen de SYVICOL duerfir och ëmmer aus engem Mond schwätze misst. Wichteg wär et dobäi awer och, déi regional Spezifizitéiten net aus den Aen ze verléieren an d’Problemer vun de méi ländleche Gemengen, wéi d’Finanzen an déi administrativ Hürden, a Betruecht ze zéien. Eppes wat hien och ënnerschat hätt, wär d‘Komplexitéit, déi de Staat un den Dag leet bei de Prozedure fir d‘Gemenge. „Och an där Hinsicht wëll ech mech am SYVICOL abréngen, wou ech awer och sinn, fir ze bäizeléieren an d’Gemengepolitik aus enger anerer Perspektiv kennen ze léieren.“

Eppes wat him och um Häerz läit ass de Congé politique. Speziell am Ufank wär dat hannen a vir net op gaangen an hien hätt vill Fräizäit a Congé missten afferen, esou den Tim Karius, dee mat 8 vun den zousätzleche 15 Stonnen, déi all Gemeng ënnert de Membere vun hirem Gemengerot kann opdeelen, op 23 Stonne Congé politique kënnt an niewent dem SYVICOL och am SIGRE, SIDEST, SIDERE an am Triangle Vert aktiv ass. Hien hätt an där Hisiicht awer vill Vertrauen an den Inneminister Léon Gloden.

Den Tim Karius, dee gepacst a Papp vun zwee Kanner ass, ass keen, deen hallef Saache mécht. An a senger Fräizäit leeft de fréiere Fussballspiller iwwregens ganz vill. Am léifsten Ultramarathonen, wéi de Grand Raid Ventoux, wou et 124 Kilometer a 6.400 Héichtemeter ze bewältege gëtt. Op der klassescher Marathondistanz iwwer 42,125 km huet hien eng Beschtzäit vun 2 Stonnen a 44 Minutten a seet, datt et opgrond vu senge politeschen Engagementer an absehbarer Zäit awer net wäert dra sinn, de Landesrekord vum Josy Gloden ze knacken.

Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an den nächste Wochen a Méint all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.

Photo : ©SYVICOL

Publié le : 19.12.2024

Matières