Entrevue tëschent dem SYVICOL an dem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Um Donneschden, 18. Juli 2024, hat de SYVICOL eng Reunioun mam Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Här Pierre Reding. Deelgeholl un dëser Reunioun huet och d’Madamm Claude Schmit, Coordinatrice vum Büro vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Fir de SYVICOL waren de President Emile Eicher, den Direkter Gérard Koob an d’Madamm Vanessa Schmit present.
De Schwéierpunkt vun der Reunioun war d’Ëmsetzung vun de verschidde Mesuren am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen d’Regierung de 14. Dezember 2022 ugeholl huet, déi, direkt oder indirekt, d’Gemenge betreffen.
Dës Mesure aus dem Aktiounsplang sinn:
" Mesure 27: An den Administratiounen de physeschen an digitalen Accueil op Lëtzebuergesch virgesinn.
Och wa scho vill geschitt ass, sollt virun dru geschafft ginn, datt all Informatioune fir de Public an de Ministèren an op de Gemengen, also Formulairen, Kommunikatiounen a Signalisatiounen och op Lëtzebuergesch disponibel sinn. Den Accueil op den Internetsitte vu Ministèren a Gemenge soll ëmmer op Lëtzebuergesch sinn.
Mam SYVICOL zesumme soll eng Prozedur festgeluecht an d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen, dem Inneministère, dem Commissaire an dem ZLS gekläert ginn.
Mesure 31: Informellt Léiere vu Lëtzebuergesch an de Gemenge méiglech maachen.
Vill Leit an eiser Gesellschaft léiere Lëtzebuergesch a si frou doriwwer, wa si dat net nëmmen a Coursen, mee och an informelle Kontexter kënne maachen. Op der anerer Säit si vill lëtzebuergesch Mammesproochler bereet, do derbäi ze hëllefen.
De Kontakt soll um lokalen Niveau vun de Gemengen organiséiert ginn, iwwer Sproochecaféen (Café des langues), Gespréichsdëscher (Tables de conversation), interkulturell Aktivitéiten, Sproochebuddyen ... an et kann den Internetsite Pratique langues en ligne derbäi geholl ginn.
Mam SYVICOL an den zoustännege Ministèren (Famille, Intérieur) zesumme soll déi Demarche definéiert ginn.
Mesure 34: D’Kultur a Lëtzebuerger Sprooch erhalen an zougänglech maachen.
Vill Bicher a lëtzebuergescher Sprooch si séier net méi an de Librairien disponibel. Et ass da schwéier méiglech, se nach ze fannen.
D’Nationalbibliothéik BNL ass amgaangen, déi Luxemburgensia-Bicher, op deene keng Rechter méi sinn, ze digitaliséieren. Am Kader vun hirer Digitaliséierungsstrategie wëllt d‘BNL mat den Editeuren an Ayant-droits en Accord fannen, fir déi Luxemburgensia-Bicher, op deenen nach Rechter an déi out of commerce sinn, kënnen digital ze publizéieren.
Da sollt e Gremium Gebuerts-, Doudes- a Joresdeeg vu wichtege Personalitéiten oder Evenementer am Zesummenhang mam Lëtzebuergesche sammelen an un déi zoustänneg Instanzen, Ministèren oder Gemenge ginn, déi dann decidéieren, op wéi eng Aart a Weis dorun erënnert gëtt.
Mesure 45: Mondaarte vum Lëtzebuergesche lokal fërderen an national dokumentéieren.
D’Suerg besteet, datt mat der Standardiséierung vum Lëtzebuergeschen déi lokal Mondaarte verschwannen. Beim Léiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch soll allerdéngs net mat Mondaarte geschafft ginn.
Mee Persounen, déi dat wënschen, sollte sech an deene Mondaarten austausche kënnen. Dat soll op lokalem Niveau geschéien. Zesumme mam ZLS kënne déi Mondaarte vum Lëtzebuergeschen dokumentéiert ginn.
Mam SYVICOL an dem Inneministère soll eng Prozedur definéiert ginn. "
Wat elo déi konkret Ëmsetzung vun dëse Mesuren ugeet:
Nimm vun de Gemengen an Uertschaften a Visibilitéit vun der lokaler Variant
Fir d’Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen op den Internetsitte vun de Gemengen ze stäerken, fënnt de Kommissär et wichteg, datt all Gemeng sech och e Lëtzebuerger Numm gëtt.
Dëse kann d’Lokalvariant sinn oder de Lëtzebuerger Numm per Gesetz (Koiné-Variant – mam Héichlëtzebuergeschen no der Lëscht vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL)) oder am beschte béides, z.B. Cliärref/Clierf. Et wär eng Plus-value, wann d’Gemengen d’Lokalvarianten op hirem Site géife virstellen. Dat gëllt och fir d’Nimm vun den Uertschaften, Flouernimm, etc. Et ass och geplangt, dës lokal Schreifweisen an Zesummenaarbecht tëschent dem ZLS an dem Kadaster um Geoportail ze publizéieren.
Fir de Gemenge bei hiren Demarchen an dësem Sënn ze hëllefen, kéint d’Material aus dem Alain Atten a Claude Schmit hirem Sproochatlas fir all Gemeng erausgeholl ginn an de Gemengen zur Verfügung gestallt ginn.
Presenz vum Lëtzebuergeschen op den Internetsäite vun de Gemengen
De Kommissär huet och wärend der Reunioun erkläert, datt grad déi kommunal Internetsäiten op Lëtzebuergesch geschriwwen Texter sinn, déi fir Apprenantë gutt ze liese sinn, och well déi sech bei enger anerer Sprooch, déi ugebuede gëtt, vergewëssere kënnen, datt si den Inhalt gutt verstanen hunn. Einfach Froen, wéi zum Beispill “Wou kréien ech meng nei Carte d’identité ?” oder “Wéini ginn d’Poubellen eidel gemaach?” ass eng Textzort, déi de Leit et einfach mécht, fir ze liesen an d’Lëtzebuerger Sprooch ze léiere well de Kontext bekannt ass.
De Site vun der Gemeng Nidderaanwen hieft de Kommissär an dësem Sënn besonnesch ervir well de ganze Site säit neistem a véier Sproochen ugebuede gëtt (LU, FR, DE, EN).
An deem Zesummenhang kéint de Kommissär sech gutt virstellen, datt den ZLS bei de Gemengen eng Hand mat upéckt, andeems si zum Beispill spezifesch Glossairen opstelle fir déi verschidde Servicer op de Gemengen, oder Inhalter Korrektur liesen. Zäitno wäert den ZLS, eventuell zesumme mat der Uni.lu, och eng uerdentlech Iwwersetzungsmaschinn zur Verfügung stelle kënne.
Lëtzebuergesch Sproochecoursen
Fir de Pierre Reding ass et och wichteg, datt all Gemeng op hirem Internetsite eng Rubrik huet, wou d’Leit Coursë fir Lëtzebuergesch ze léiere fannen. Coursë fir Lëtzebuergesch fënnt een entweder iwwer de Service de la formation des adultes (SFA) vum Educatiounministère oder iwwert den Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue (INFPC) oder d’Gemenge bidden d’Coursë selwer un.
Essentiel wär an deem Zesummenhang, datt d’Gemengen dës Informatioune wa méiglech ënnert där selwechter Rubrik vum Internetsite publizéiere, fir datt d’Leit d’Informatioune méi einfach fannen, an datt esouwuel déi national ewéi och déi regional a lokal Offeren opgelëscht ginn. D’Iwwerzeegung déi bei ville Leit besteet, datt et net genuch Lëtzebuergesch Coursë gëtt fir d’Nofro ze decken, stëmmt net ganz. D’Leit, déi Coursë wëlle maachen, fanne just néierens en Iwwerbléck iwwert d’Offer déi national oder an hirer Géigend regional besteet.
An dësem Zesummenhang insistéiert de SYVICOL datt d’Zesummendroe vun dësen Informatiounen esou wäit wéi méiglech fir d’Gemenge misst automatiséiert ginn, oder datt d’Informatiounen op nationalem Niveau zesummegedroe ginn. De Pierre Reding preziséiert doropshin, datt et méiglech ass, dëse Contenu als Link un d’Gemengen ze liwweren.
Administratiivt Lëtzebuergesch fir d’Gemengepersonal
Och um Niveau vun de Ministèren a staatlechen Administratiounen, esou wéi och op de Gemengen ass d’Nofro fir Lëtzebuergesch Coursen an deene leschte Jore vill an d’Luucht gaangen.
Woubäi een hei tëschent verschidde Besoine muss ënnerscheeden:
- Coursë fir Leit, déi nei agestallt ginn, déi nach iwwerhaapt kee Lëtzebuergesch kënnen;
- Coursen am administrative Lëtzebuergesch fir d’Gemengepersonal;
- Coursen “Einfach Sprooch” op Lëtzebuergesch
An deem Kontext, wäert den INAP an noer Zukunft en Opruff un de verschiddene Verwaltunge maachen, fir intern Formateuren ze fannen, déi dann an den Institut National des Langues Luxembourg (INLL) an eng Formatioun fir Formateure kënne goen (ZLLL-Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren). Dës intern Formateure kënnen dann “in-house” Coursen organiséiere mat spezifesche Glossairen, zum Beispill fir de Service technique oder Populatiounsbüro. Dës Virgoensweis kéint een sech och op de Gemenge virstellen.
Gläichzäiteg gëtt am ZLS un der Neiopstellung vun de Lëtzebuergesch Coursen am INAP geschafft. De President vum SYVICOL weist sech averstan mat där Demarche a schléit vir, bei de Kommunikatiounsleit vun de Gemengen unzefänken an d’Coursen dono op d’ganz Personal auszewäiten.
Mam SYVICOL zesumme kéint een och nach kucke, fir Coursë fir déi gewielt Volleksvertrieder ze organiséieren, mengt de Pierre Reding ofschléissend.
De SYVICOL seet dem Här Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch villmools Merci fir dës interessant Entrevue, a seet sech bereet, a Kontakt mam Kommissär ze bleiwe bezüglech deene verschiddenen Themen, déi an der Reunioun beschwat goufen. De Kommissär sengersäits ass frou iwwer dëst oppent Ouer, dat hie beim SYVICOL virfonnt huet a bitt un, datt d’Gemengen sech bei all Froen un hie kënne riichten.