Matières
Kommt schwätzt mat! - Ronn 200 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker hunn am Kader vu 4 regionale Reuniounen iwwert de SYVICOL a säi Fonctionnement diskutéiert

Biergem, Maarnech, Biereng a Gréiwemaacher waren déi 4 Statioune vum SYVICOL senger Tournée an d’Gemengen, déi tëschent dem 10. an dem 27. Mäerz stattfonnt huet. Eng ronn 200 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker hu sech dobäi e Bild dovunner gemaach, wéi de Gemengesyndikat agéiert a funktionéiert an duerfir gesuergt, datt d’Tournée vum SYVICOL an d’Gemengen ee richtege Succès war. An den Inneminister Léon Gloden hat et sech net huele gelooss, beim Ofschloss mat derbäi ze sinn.
Zil vun deene 4 regionale Reunioune war et, fir zesumme mat de Vertriederinnen a Vertrieder aus der Gemengepolitik iwwer hir Uleiessen ze diskutéieren an den Delegéierte vum SYVICOL esou d’Méiglechkeet ze ginn a Kontakt mat de Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker aus hirer Regioun ze kommen. Dës Tournée an d’Gemenge war fir de SYVICOL och d’Geleeënheet fir sech selwer, säi Fonctionnement a seng Organer ze präsentéieren an Abléck doranner ze ginn, wéi sech de Syndikat fir d‘Lokalpolitikerinnen a Lokalpolitiker um kommunalen, nationalen an internationale Plang asetzt. An natierlech war et och d‘Geleeënheet d‘Administratioun vum Syndikat virzestellen, déi aus 11 Fonctionnairen an Employéë besteet.
A sengen Ausféierungen huet de SYVICOL-Präsident Emile Eicher no fir an awer och e bëssi zeréck gekuckt. Am Ufank vu sengem Mandat 2018-2023 hat sech den deemolege Comité vum SYVICOL nämlech op de Fändel geschriwwen, d’Gemengen an Zukunft méi a seng Aktivitéiten anzebannen a seng Memberen a punkto Erwaardungen un de Syndikat ze consultéieren. Dat wär eng vun de Prioritéite vum deemolege Comité gewiescht déi awer bis haut Gültegkeet hätt, esou den Emile Eicher: „De SYVICOL wollt deemools wëssen, wou de Schong dréckt a wéi mir d’Lokalpolitikerinnen a Lokalpolitiker beim Ausübe vun hirem Mandat nach besser kéinten ënnerstëtzen “.
Konkret huet dat Follgendes bedeit. Am Summer 2020 gouf e grousse Sondage organiséiert un deem 400 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker deelgeholl hunn. Duerno hu 5 regional Online-Ateliere stattfonnt. Nodeem d‘Resultater vum Sondage an den Echangen ausgewäert waren, huet de SYVICOL, deem seng Haaptmissioun et bekanntlech ass, Avisen iwwer Projete vu Gesetzer a groussherzogleche Reglementer ze redigéieren déi d’Gemenge betreffen, sech am Kader vu sengem 35. Anniversaire am November 2021 een Aktiounsplang mam Titel „Zesummen an d’Zukunft“ ginn.
D’Zilsetzung war kloer: Et goung dorëms de SYVICOL fir déi nächst Joren richteg auszeriichten. „Déi Roadmap war deemools zimmlech ambitiéis. Mëttlerweil ass awer schonn ee ganz groussen Deel vun dëse Mesuren ëmgesat”, esou den Emile Eicher, deen an deem Kontext just follgend Punkten opgezielt huet: den neien Internetsite, d’Rubrik mat de Bonnes pratiques aus de Gemengen, d’Austauschplattform www.gemengeplattform.lu, d’Rubrik mat all de staatleche Subside fir d’Gemengen a virun allem den Ausbau vum Volet Formatioun.
An deem Zesummenhang huet den Emile Eicher deene ronn 200 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker, déi bei de 4 regionale Reunioune vum SYVICOL matt derbäi waren, och erkläert, datt sech „d’Formatioun entretemps net nëmme méi just op d’Formation initiale pour élus, déi bekanntlech no all Gemengewal stattfënnt, beschränkt, mee lues a lues zu enger richteger Formation continue ausgebaut gëtt“.
Nodeem eng ronn 400 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker un der „Formation initiale pour Elu(e)s“ vu September bis Dezember 2023 deelgeholl haten, déi de SYVICOL zesumme mam Inneministère a mam INAP op 3 Plazen am Land an och online ugebueden huet, gouf dem Besoin u Formatioun mam Volet „Formation continue“ weider Rechnung gedroen. Och des Demarche ass Deel vum Aktiounsplang „Zesummen an d’Zukunft“ a geet op déi konkret Demande vum Secteur am Kader vum Sondage an den Online-Atelieren zeréck.
Am Kontext vun der Formation continue hunn entretemps eng Formatioun „1x1 Biergerparticipatioun an der Gemeng“ an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung an eng Formatioun „Cérémonies funéraires laïques pour élu(e)s“ a Kooperatioun mat Omega-90 stattfonnt.
Eng ganz Partie aner Formatiounen zu Theme wéi Gestion des Ressources humaines (zesumme mam Inneministère), Cérémonies communales a Prise de parole en public sinn an der Maach a wäerte bis Hierscht 2025 ugebuede ginn. Déi entspriechend Datumer an och weider Informatiounen zu deene geplangte Formatioune wäert de SYVICOL zäitno matdeelen. De SYVICOL ass op Facebook an op LinkedIn präsent. An demnächst wäerte hien och op Instagram aktiv sinn an domadder direkt enger widderhuelt formuléierter Demande aus de regionale Reuniounen nokommen. Zënter méi wéi annerhalleft Joer huet de SYVICOL och eng nei Homepage, déi thematesch organiséiert an dowéinst vill méi iwwersiichtlech ass.
E ganz wichtege Pilier fir sech mam Gemengesecteur auszetauschen ass, wéi schonns erwäänt, d’Plattform www.gemengeplattform.lu. Enn Mäerz 2025 waren do eng 1.230 Acteuren aus dem kommunale Beräich registréiert. Eng Newsletter, déi all d’Aktualitéite ronderëm de SYVICOL regroupéiert, gëtt et och. Si kënnt an der Reegel 1 bis 2 Mol am Mount eraus. Umellen dofir kann ee sech ënner www.syvicol.lu.
Op deene 4 regionale Reunioune war een sech eens, dat d’Offer fir sech iwwer de SYVICOL a seng Aktivitéiten ze informéieren op alle Fall do ass, mee dass dës Offer net genuch wouer geholl gëtt. Speziell d’Gemengeplattform – eng Iddi, déi aus der Buergermeeschter-Whatsapp-Grupp, déi an der Pandemie an d’Liewe geruff gi war, entstanen ass – huet nach ganz vill Potenzial, wat dann och eng vun de Conclusioune vum Präsident vum SYVICOL war. De SYVICOL wäert an den nächste Méint no Léisunge sichen, fir de Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker des Offer besser accessibel ze maachen.
Et goufen op deene 4 Reuniounen awer nach eng ganz Partie aner Suggestiounen, notamment déi, fir méi oft esou regional Reuniounen ofzehalen an och déi fir um lokale Plang Workshops zu spezifeschen Themen ze organiséieren, an dat zesumme mam Vertrieder vum SYVICOL aus der jeeweileger Regioun. Insgesamt war et och de Wonsch no enger Verbesserung vum Kontakt mat den Delegéierte vum SYVICOL. Weider Proposë fir d’Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker besser an d’Aarbecht vum SYVICOL anzebannen, ware fir regelméisseg am Gemengerot de Point iwwer déi wichteg Dossieren ze maachen oder och nach fir Online-Sondagen ze maachen.
Vill Virschléi koumen och zur Fro, a wéi enge Beräicher nach weider Formatioune sollten ugebuede ginn. Niewt der schonn erwäänter Personalgestioun, sinn ënner anerem Theme wéi Marchés publics, Finanzen an Urbanismus oft genannt ginn.
De ganze Feedback, deen de SYVICOL am Kader vun de Reunioune krut, wäert an engem Rapport zesummegefaasst ginn an um Ordre du jour vun enger vun deenen nächste Reunioune vum Comité stoen.
Mat der Publikatioun „D’Gemengegesetz liicht gemaach“ ass elo eng weider Mesure vum Aktiounsplang „Zesummen an d’Zukunft“ ëmgesat ginn. D’Zil vun dëser Publikatioun ass et de gesetzleche Kader vun de Gemengen, an haaptsächlech d’ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, méi accessibel fir d‘Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker ze maachen. Oder fir et mat der Wierder vum SYVICOL-Präsident ze soen: „Eng dach komplex Matière op eng vill méi lieweg a virun allem méi verständlech Aart a Weis erëmzeginn“.
Bei dëser Publikatioun handelt sech em e Classeur mat 40 Fichen, vun deene jiddereng e bestëmmt Thema erkläert, wéi zum Beispill d’Zesummesetzung vum Gemengerot, d’Aufgabe vum Buergermeeschter oder och nach d’Organer vun de Gemengesyndikater. An de nächsten Deeg wäert fir all Gemengepolitikerin a Gemengepolitiker een Exemplar vun dëser Publikatioun op hirer Gemeng ze fanne sinn.
Op der Ofschlossreunioun zu Gréiwemaacher, krut den Inneminister Léon Gloden, deen et sech net huele gelooss hat a senger Heemechtsstad mat derbäi ze sinn, vum SYVICOL-Präsident Emile Eicher dunn een Exemplar vum „D’Gemengegesetz liicht gemaach“ iwwerreecht.
A senger Ried huet den Inneminister ënnerstrach wéi gutt d‘Zesummenaarbecht mat SYVICOL, deen e richtege Partner vum Ministère an domadder och vun de Gemenge wär, géing klappen. Nëmmen zesumme kéint een d’Defien, déi de Gemengesecteur aktuell an an Zukunft ze bewältegen hätt, ugoen, esou de Léon Gloden.
Och zu deene rezent an der Press thematiséierten Onstëmmegkeeten a verschiddenen Gemengen huet sech den Inneminister zu Gréiwemaacher geäussert. Et misst ee versichen zesumme Léisungen ze fannen. Déi geplangte Formation continue am Beräich Personalmanagement, déi de Ministère zesumme mam SYVICOL géing ubidden, wär an där Hinsicht op alle Fall ee gudden Usaz, esou de Minister, deen awer och ugekënnegt huet, dat grad am Beräich Ressources humaines op de Gemengen eng Rei Ännerungen an der Maach wären.
Ënnerstrach huet de Léon Gloden awer och datt „an deenen 100 Gemengen eng gutt Aarbecht am Déngscht vum Bierger geleescht gëtt“ an hie voll a ganz hannert dem Gemengepersonal, grad wéi de Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker géing stoen.
Matières