Matières

Portrait-Serie – Claude Clemes, neie Comitésmember vum SYVICOL : «An Zäiten, wou d‘Finanze méi knapp ginn, musse mir onbedéngt d’Synergien tëschent de Gemengen ausbauen a verbesseren.»

De Claude Clemes wunnt zu Biergem, enger vun de véier Uertschafte vun der Gemeng Monnerech. Do ass hien och opgewuess. Aktuell ass hien ee vun de fënnef Gemengeconseilleren an der schwaarz-bloer Koalitioun. Zënter Ufanks des Joers ass hien och Member vum Comité vum SYVICOL a vetrëtt do d’Gemenge Beetebuerg, Monnerech, Réiser a Schëffleng.

No senger Primärschoulszäit huet et de Claude Clemes, deen 1974 op d’Welt komm ass, an d’Belsch, méi präzis op Carlsbourg, hei vir an der Wallonie, gezunn. Do huet hie seng Première gemaach a war och do déi éischt Joren am Internat. Et héiert een eraus, dass dës Zäit hie staark gepräägt huet, speziell well et am Internat streng Reegele gi sinn an ee fir alles huet missten em Erlabnis froen.

„Iergendwann hat ech dees awer genuch“, seet de Claude Clemes réckbléckend. Mat 16 Joer huet hien dunn eleng an engem Studio gewunnt a sech ëm alles selwer gekëmmert. „Dat war eng flott Zäit. Ech hu vill geléiert a war am Fong fréi prett fir op d’Uni.“ Déi nächst Etapp huet hien dunn effektiv op Namur gefouert, wou hien Droit studéiert huet. Duerno ass hien op Louvain gaangen. No der Licence huet hien nach ee Joer „Droit et gestion des technologies, de l’information et de la télécommunication“ dru gehaangen. An dat war Enn der 90er Jore mam Opkomme vun Internet sécher net déi schlechtsten Iddi.

Am Joer 2001 ass hien dunn als Affekot assermentéiert ginn. Vun do un ass hien um Stater Barreau aktiv. 2007 huet hien an enger renomméierter Etude ugefaangen ze schaffen an huet sech ënner anerem spezialiséiert op Droit commercial, Droit du travail an awer och op Droit des contrats an Droit immobilier a mécht och Droit pénal.

Säi Wee an d’Politik war iwwerdeems e ganz klasseschen : Bekannter hunn hie motivéiert an der CSJ aktiv ze ginn. „Zënter 1997 sinn ech Member an der Partei an zënterhier staark an der CSV-Sektioun zu Monnerech engagéiert“. Am Joer 2011 ass hien dunn eng éischte Kéier als Gemengeconseiller gewielt ginn. D’LSAP ënnert dem Dan Kersch hat deemools mat 50,11 % vun de Stëmmen déi absolut Majoritéit. „Da war spannend, well mir als CSV hunn eng knallhaart Oppositioun gemaach.“ De Claude Clemes erënnert sech an dem Kontext un eng Publikatioun déi all Haushalt an der Gemeng krut an an där d‘CSV reegelméisseg fatzeg op d’Tromm geschloen huet. Hien huet dobäi um redaktionelle Plang d’Fiedem gezunn.

Um Häerz leien him d‘Theme Logement an Aménagement du territoire. An dat um lokalen an um nationale Plang.

Vun 2014 u war hien och zwee Mol hannertenee Präsident vun der CSG, der Associatioun vun den CSV-Gemengeréit a bis haut och Präsident vun der lokaler CSV-Sektioun. D’Aarbecht am Hannergrond dat ass dat wat him am meeschte läit a Satisfaktioun bereet, seet de Claude Clemes, deen nodeem hien 2017 erëm gewielt ginn ass an d’CSV d‘Walen zu Monnerech gewonnen hat fir eng kuerz Zäit Schäffen an der Gemeng war. „Mee ech si keen, deen an der éischter Rei stoe muss. Deen Drang hunn ech net. Ech sinn éischter een, dee Saachen ustousse wëll“, erkläert hien. „Déi Leit déi mech kenne wëssen, datt ech éischter méi zeréckhalend a reservéiert sinn.“

Als seng politesch „Ziehväter“ bezeechent hien den Norbert Haupert, deen och laang Joren am SYVICOL aktiv war, an de Jeannot Fürpass, säi Buergermeeschter. Um Häerz leien him d‘Theme Logement an Aménagement du territoire. An dat um lokalen an um nationale Plang. Wat hien aktuell och beschäftegt ass den Tracé vum sou genannten „séieren Tram“, dee jo een Arrêt zu Féiz kréie soll, genau do wou eng weltbekannte Fastfood-Ketten haut nach hire Standuert huet.

A wéi ass et dann elo zu sengem Mandat am SYVICOL komm a wéi gesäit hien de Gemengesyndikat iwwerhaapt? Wann een esou wëll, ersetzt hien do säi Buergermeeschter, deen no der Demissioun vum Laurent Zeimet an der leschter Mandatur Member vum SYVICOL gi war. Mee natierlech ass et awer dorop ukomm fir bei de Walen an de Gemenge Beetebuerg, Réiser a Schëffleng, déi hien am SYVICOL representéiert, an och a senger Heemechtsgemeng déi néideg Stëmmen ze kréien.

„Ech fannen datt et eng immens interessant Missioun ass, am SYVICOL Member kënnen ze sinn. Et geet em eise politeschen a juristeschen Avis als Lokalpolitiker zu Gesetzer, déi d’Gemengen an domadder d‘Biergerinnen a d‘Bierger vun onsem Land betreffen. Dat ass Menges“, seet de Claude Clemes, dee virdrun och am Offall-an Ofwaassersyndikat SIVEC aktiv war. Mee do huet hien sech net richteg erëmfonnt, well dat him ze technesch war.

Datt den Inneminister Léon Gloden den SYVICOL mat op seng Tournée geholl huet, appreciéiert hien ganz staark : „Esou eng Mise en Evidence a Wäertschätzung si gutt fir de SYVICOL, dee menger Meenung no nach vill méi Visibilitéit brauch. Verbessert gi muss an Zukunft awer och den direkten Austausch matt de Gemengen“, esou de Claude Clemes weider. Op deem Punkt wëll hien eng Hand mat upaken a sech dowéinst och reegelméisseg mat de Responsabelen aus "senge" véier Gemengen echangéieren an dat wat do gesot gëtt mat an den SYVICOL bréngen.

De Claude Clemes ass formell: «An Zäiten, wou d‘Finanze méi knapp ginn, musse mir onbedéngt d’Synergien tëschent de Gemengen ausbauen a verbesseren. An do ass den SYVICOL och gefuerdert. » An deem Zesummenhank wär et eng ganz gutt Iddi, datt de SYVICOL am Mäerz an Abrëll 2025 och selwer "on Tour" wäert goe fir sech mat de Vertrieder aus all de Gemengen un een Dësch ze setzen.

A wat mécht hie privat esou? Hie verbréngt gären Zäit mat senger Fra a sengen zwee Bouwen. Niewebäi sammelt hie Konscht an huet ee Faibel fir al Autoen. Donieft bedreift hien ee Reitstall zu Biergem.

Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an den nächste Wochen a Méint all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.

Foto : © SYVICOL

Publié le : 11.09.2024

Matières