Matières

Hubert Clément: Eng dreiwend Kraaft an ee vun de Pionéier vun der lëtzebuerger Sektioun vum CCE

Als „eine der vielfältigsten Persönlichkeiten des Luxemburger Sozialismus überhaupt“ beschreift de fréieren LSAP-Deputéierten a Parteipresident Ben Fayot den Hubert Clément an engem Bäitrag am Kader vum 100-jähregen Anniversaire vum Tageblatt. Vun Ufank un wär och „das Grenzübergreifende eine wesentliche Komponente der politischen Arbeit Cléments“ gewiescht. „Nach dem Krieg“, schreift de Ben Fayot weider, „hatte er mehr denn je die Überzeugung, dass es für Luxemburg nur ein Heil in internationalen Zusammenschlüssen gab. Im Mouvement Socialiste pour les Etats Unis de l’Europe, dann im Mouvement Européeen und im Conseil des Communes d’Europe (…) bemühte er sich unentwegt, über die Tagesprobleme hinweg Gedanken für die Gestaltung der Zukunft zu verarbeiten und zu verbreiten. “ Mee eent nom aneren.

Den Hubert Clément koum den 12. September 1889 zu Paräis op d’Welt. Vun 1906 bis 1909 ass hien an d’Normalschoul gaange fir Schoulmeeschter ze ginn. Seng éischt Statioun an deem Beruff war zu Bungeref, an der haiteger Gemeng Rammerech. Am Joer 1912 ass hien dunn op Esch komm, wou säi gewerkschaftlechen Engagement ugefaangen huet, bei deem d’Aarbechter-Klass un éischter Plaz stoung.

Am Dezember 1927 gouf den Hubert Clément du vum Verwaltungsrot vun der Genossenschaftsdruckerei zum Direkter vum Escher Tageblatt ernannt an huet de Schoulmeeschtesch-Beruff un den Nol gehaangen. No an no huet hien de Betrib moderniséiert an d’Escher Tageblatt zur zweetgréisster Zeitung hei am Land ausgebaut. Esou haten d’Aarbechter an och déi sozialistesch Partei en neit  Sproochrouer.

Kuerz drop huet och seng politesch Karriär ugefaangen. Vun 1935 bis 1940 war hie Buergermeeschter zu Esch a virdru schonn Conseiller gewiescht. Als Kenner vun der Gemengegesetzgebung huet hien ënnert anerem d’Handbuch „Manuel du conseiller communal contenant la législation communale à l'usage pratique“ geschriwwen, wat deemools gewëssermoossen eng Bibel fir d’Membere vun de Gemengeréit an och d’Beamte war. Nom Krich war hie bis Enn 1945 nach Buergermeeschter zu Esch. Bei den nächste Wale gouf den Arthur Useldinger de neien éischte Mann op der Escher Gemeng an enger KP-CSV-Koalitioun. De Clément war vun do un nach Conseiller a bis 1948 Süd-Deputéierten. Vun 1952 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot.

Den 28. Januar 1951 ass den Hubert Clément als Sekretär vun der lëtzebuerger Delegatioun déi un der Grënnungsversammlung vum Conseil des Communes d’Europe (CCE) zu Genf deelhëlt derbäi. Datt hien aktiv zum Opbau vun dëser Organisatioun bäigedroen huet, gëtt engem och bewosst wann een den Dosssier aus dem SYVICOL sengen Archiven „Conseil des Communes d’Europe 1951“ duerchbliedert. Hien huet och fréizäiteg erkannt, datt d’Gemengen eng wichteg Roll am neien Europa spille wäerten.

Am Ufank war allerdéngs virun allem Iwwerzeegungsaarbecht néideg. An engem net datéierte Courrier aus dem Joer 1951 steet Folgendes ze liesen: „Die luxemburgische Sektion des Conseil des Communes d’Europe ist im Aufbau begriffen. Das provisorische Komitee setzt sich zusammen aus den HH. Hubert Clément, Gemeinderatsmitglied und früherer Bürgermeister von Esch/Alzette, Jean Maroldt, Bürgermeister von Remich, und Jean-Pierre Wilhelm, Bürgermeister von Mamer.“ A weider ass ze liesen: „Den einzelnen Gemeindeverwaltungen sind die Statuten des Conseil des Communes d’Europe zugegangen, zugleich mit einem Formular zur Beitrittserklärung.“

Beim Hubert Clément sinn deemno d’Fiedem zesummegelaf. Schonn Enn 1951 sinn 33 Lëtzebuerger Gemengen dem Conseil des Communes d’Europe bäigetrueden. An dem Kontext hunn och eng Rei regional Reunioune stattfonnt, fir de Gemengepäpp de Projet ze presentéieren a si dovunner ze iwwerzeegen. Lues a lues gouf esou déi lëtzebuerger Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe opgebaut, vun där den Hubert Clément bis zum Schluss Generalsekretär war.

Den 29. September 1953 ass hien am Alter vu 64 Joer gestuerwen. Hie war eng dreiwend Kraaft an ee vun de Pionéier vun der Gemengevertriedung um europäeschen Niveau zu enger Zäit wéi Europa lues a lues um kommunalen a regionale Plang seng Stëmm fonnt huet. An engem Noruff schreift den Henry Cravatte: „Il était un des pionniers les plus authentiques de l’idée de la coopération européenne sur le plan communal. Dès la fondation du CCE, Hubert Clément était l’animateur de la Section luxembourgeoise. “


Foto: © Archives de la Ville d’Esch-sur-Alzette / Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 03.02.2021

Matières