1 Joer Buergermeeschtesch – 1 Joer Buergermeeschter : eng Table ronde vum SYVICOL
Ënnert dem Slogan „1 Joer Buergermeeschtesch – 1 Joer Buergermeeschter: en Tëschebilan an en Ausbléck“ huet de SYVICOL am Kader vun enger Table ronde d’Mandy Arendt vu Colmer-Bierg, d’Sophie Diderrich vun Noumer, den Antonio Da Costa vu Bous-Waldbriedemes an de Jean-Luc Nosbusch vu Beefort zu Wuert komme gelooss. Et goung dobäi fir dorëms, déi éischt Méint als frësch gewielte Buergermeeschtesch a Buergermeeschter Revue passéieren ze loossen, déi sëllegen Defie vun de Gemengen ënnert d’Lupp ze huelen an e Bléck no fir ze geheien. Moderéiert gouf d'Table ronde vum SYVICOL-President Emile Eicher.
Publié le : 07.12.2024