Matières

Participatioun vum SYVICOL un de 4 „Soirées de dialogue“ vum Minstère des Affaires intérieures (MAINT)

D‘Stad Lëtzebuerg, Dikrech, Esch a Jonglënster: Dat waren déi 4 Statioune vum Inneminister Léon Gloden senger Tournée an d’Gemengen, déi tëschent dem 16 Abrëll an dem 2. Mee 2024 stattfonnt huet. Dobäi huet den Inneminister net nëmmen Abléck ginn a seng politesch Prioritéiten, mee huet de Gemengevertrieder och Ried an Entwäert gestanen.

An déi haten eng ganz Partie Froen an Umierkungen zu den Themen, déi um Ordre du jour stoungen: D’Simplification administrative an d’Digitaliséierung, de Logement an den Aménagement du territoire, d’Gemengefinanzen, de Statut vum Elu an d’Sécurité intérieure mat virop der Gemengepolice an der ziviler Sécherheet.

Och de SYVICOL huet un den „Soirées de dialogue“ deelgeholl a war vertrueden duerch säi President Emile Eicher, seng 1. Vizepresidentin Lydie Polfer a seng Vizepresidenten Dan Biancalana, Serge Hoffmann a Guy Wester. Fir den Daachverband vun den 100 Gemenge war dës Tournée ganz opschlossräich an eng wëllkomme Geleeënheet fir de Bols vum Secteur ze fillen a sech mat de Gemengevertrieder ze echangéieren.

Publié le : 15.05.2024

Matières