Matières

Zu Genf gëtt viru 70 Joer de Grondstee vum Conseil des Communes d’Europe (CCE) geluecht

Haut viru 70 Joer, ob engem Sonnden, hu sech zu Genf am Hôtel du Rhône eng Ronn 50 Delegéierten aus 9 verschiddene Länner a Regiounen aus Däitschland, der Belsch, Frankräich, Dänemark, Italien, Holland, der Schwäiz, Lëtzebuerg an dem Saarland getraff, fir de Conseil des Communes d’Europe (CCE), den haitege Conseil des Communes et Régions d’Europe (CCRE), ze grënnen.

Just e puer Joer nom Enn vum 2. Weltkrich huet eng richteg Opbrochstëmmung geherrscht : „Quelque chose de nouveau venait d’entrer dans la vie de l’Europe et du monde : le fraternel rapprochement des communes résolues à fonder sur de nouveaux principes l’Europe et bâtir la paix“, kommentéiert den Edgard Milhaud, Sozialist a franséische Professer fir Ekonomie an engem Rapport deemools. D’Grënnung vum CCE ass e wichtege Schrëtt bei der Gestaltung vum neien Europa.

Op der Grënnungsreunioun vum Conseil des Communes d’Europe, déi 3 Deeg gedauert huet, ginn ënner anerem d’Statuten opgesat an den Organigramm festgeluecht. De CCE besteet aus:

  • der Assemblée générale ;
  • dem Comité exécutif, dee vun der Assemblée générale gewielt gëtt ;
  • dem Bureau, dee vum Comité exécutif gewielt gëtt ;

Folgend Zilsetzunge gi festgehalen:

  • Obtenir, renforcer et défendre l’autonomie des collectivités locales ;
  • Faciliter la gestion des communes, assurer leur liberté et contribuer à leur prospérité, notamment par le développement des entreprises et organismes intercommunaux ;
  • Développer l’esprit européen dans les communes, régions, collectivités locales et régionales pour promouvoir une fédération des Etats européens, basée sur l’autonomie de ces collectivités ;
  • Assurer la participation et la représentation des communes, régions, collectivités locales et régionales dans les organismes européens et internationaux ;
  • Intégrer aux futures institutions européennes l’Assemblée représentative des communes, régions, collectivités locales et régionales;

Lëtzebuerg war zu Genf matt enger 6 Mann staarker Delegatioun vertrueden, mat un der Spëtzt dem Emile Hamilius, Stater Buergermeeschter an Deputéierten, dem Alphonse Greisch, Buergermeeschter vun Dikrech, dem Victor Probst, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, dem Michel Rasquin, Deputé-maire vun Esch, dem Jean-Pierre Wilhelm, Buergermeeschter vu Capellen, an dem Hubert Clément, Gemengeconseiller vun Esch, dem Sekretär vun der Delegatioun, dee bis zu sengem Doud am Joer 1953 eng dreiwend Kraaft an der lëtzebuergescher Sektioun vum Conseil des Communes d’Europe wäert bleiwen.

Éischte President vum CCE gëtt de Fernand Cottier (2. vu riets op der Foto), Buergermeeschter vu Genf, a Generalsekretärin ass d’Alida De Jaeger (1. vu riets). Ma et dauert net laang bis eis Vertrieder groussen Afloss op d’Aarbecht vum CCE huelen: Vun 1953 bis 1959 ass den Emile Hamilius (1. vu riets niewent dem Robert Schuman op der Foto) President. De Siège vum CCE gëtt 1956 op Lëtzebuerg transferéiert op 11A, Boulevard Prince Henri an der Stad. Successeur vum Pierre Hamilius gëtt den Henry Cravatte (1. vu lénks) an dëst bis an d’Joer 1984.


Fotos: © 2021 Photothèque de la Ville de Luxembourg – Tony Krier ; © Le Conseil des Communes d’Europe 1951-1971 / Cahier 72, numéro hors série. (Montage)

Publié le : 28.01.2021

Matières