Matières

Kommt schwätzt mat ! : Méi wéi 80 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker ware bei den éischten zwou regionale Reunioune vum SYVICOL mat derbäi

Zënter e Méinden, 10. Mäerz ass de SYVICOL am gaangen seng Tournée an d’Gemengen ze maachen. Zwou regional Reuniounen, déi éischt zu Biergem an der Gemeng Monnerech an déi zweet e Mëttwoch den 12. Mäerz zu Maarnech an der Gemeng Clierf, hu bis elo stattfonnt.

Méi wéi 80 Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker hate sech afonnt fir sech ee Bild dovunner ze maachen, wéi sech de SYVICOL fir si asetzt an dat um kommunalen, nationalen an internationale Plang. Ënnert dem Slogan „Kommt schwätzt mat“ goung et an éischter Linn dorëms, zesumme mat de verschidden Deleguéen d’Uleiesse vum kommunale Secteur ze diskutéieren an esou de Bols ze huelen. Fir de SYVICOL ass et natierlech och d’Geleeënheet fir sech a säi Fonctionnement ze presentéieren a sech esou nach besser kënnen an Zukunft an den Déngscht vun de Gemengen ze stellen.

Grousse Wäert gouf dobäi och op de Volet Formatioun geluecht wou et jo mat der Formation continue e richtegen Novum gëtt. Virgestallt gouf, esou ze soen, en Avant-première „D’Gemengegesetz liicht gemaach“. D’Zil vun dëser Publikatioun ass et de gesetzleche Kader vun de Gemengen, an haaptsächlech d’ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988, esou opzebereeden datt et méi accessibel fir all d‘Gemengepolitikerinnen a Gemengepolitiker gëtt.

Déi nächst Geleeënheet fir um SYVICOL senger Tournée deel ze huele gëtt et e Mëttwoch, 19. Mäerz an der Hall Irbicht zu Biereng an der Gemeng Miersch. Den Ofschloss ass dann de 27. Mäerz am „Centre culturel Machera“ zu Gréiwemaacher wou den Inneminister Léon Gloden och wäert mat derbäi sinn.

Weider Infos: Umelle fir déi nächst regional Reunioune kënnt Dir Iech ganz einfach a séier iwer d'Gemengeplattform via QR-Code an der Invitatioun oder ënnert follgendem Link:

https://www.gemengeplattform.lu/de-syvicol-kennt-bei-iech-kommt-schwatzt-mat/

Publié le : 18.03.2025

Matières