Matières

Portrait-Serie – Jacques Bauer, neie Comitésmember vum SYVICOL : « Ech wäert déi wichtegsten Diskussiounen aus dem Comité als Delegéierten un déi respektiv Schäfferéit weider ginn. »

Am Joer 2011 ass de Jacques Bauer eng éischte Kéier zu Nidderaanwen mat an d’Gemengewale gaangen, do wou hien zënter eppes méi wéi 20 Joer lieft. Haut ass hien do Schäffen an zënter Januar 2024 och Member am Comité vum SYVICOL.

„Ech war schonns ëmmer ee politesch denkende Mënsch. A Politik maachen huet vill domadder ze di fir sech fir d‘Leit an hir Besoinen anzesetzen“ seet de Jacques Bauer, den 1967 an der Stad op d’Welt komm ass an do och de gréissten Deel vu senger Kandheet a Jugend verbruecht huet. No senger Première am LGL ass hien op Stroossbuerg Droit studéiere gaangen. Als Affekot war hien dunn dräi Joer um Stater Barreau ageschriwwen ier hien an d’Privatwirtschaft bei d’Luxlait gewiesselt ass. Do war hie Generalsekretär a responsabel fir d’Personal.

Aarbechtrecht a Personal, dat sinn dem Jacques Bauer seng Schwéierpunkten als Jurist. An dat war bei Heintz van Landewyck, senger zweeter berufflecher Statioun, net aneschters. Do war hien Directeur des ressources humaines fir Lëtzebuerg an d’Belsch. No engem klengen Ofstiecher an den Immobiliesecteur, schafft hien zënter 2016 nees als Affekot. „Et ass schwiereg als Independant Beruff a Politik ënnert een Hutt ze bréngen“ kommentéiert hien. Nidderaanwen ass mat senge bal 7.000 Awunner eng ganz aktiv Gemeng, wou een als Schäffe richteg sollicitéiert gëtt.

Wat elo seng politesch Karriär betrëfft, esou staamt hien aus enger CSV-Famill a verweist op säi Brudder Maurice Bauer, éischte Schäffen an der Stad Lëtzebuerg an Deputéierten. Richteg politesch aktiv ginn ass hien awer eréischt, wéi hien op Nidderaanwen geplënnert ass an do vum laangjärege Buergermeeschter Raymond Weydert „rekrutéiert“ gouf, wéi hie mat engem Laachen erzielt.

Am Joer 2011 ass de Jacques Bauer dunn eng éischte Kéier mat an d’Gemengewale gaangen, mee net erakomm. Sechs Joer méi spéit war et awer esou wäit. Hien erënnert sech : „Ech koum deemools an de Gemengerot. Mir haten eng komfortabel Majoritéit mat de Sozialisten an hu gutt matenee geschafft. Just zum Enn vun der Mandatsperiod goufen et leider Dissonanzen“, esou de Jacques Bauer.

Fir hien ass déi Zäit awer och verbonne mam Enn vun de fette Jore vun der Gemeng Nidderaanwen D’Gemengefinanzreform huet et nämlech mat sech bruecht, dat eng Gemeng wéi Nidderaanwen am Joer 2022 zum Beispill zwar wuel 124 Milliounen Euro Impôt commercial communal erwirtschaft huet, der dovunner awer direkt nëmme 4,8 Millioune behalen duerft.

Zënter dem leschte Joer ass hien elo Schäffen ënnert dem neie Buergermeeschter Fréd Ternes an enger schwaarz-grénger Koalitioun. Et ass vill ze dinn : D‘Grondschoul muss renovéiert an ausgebaut ginn. Geplangt ass e Projet intergenerationellt Wunnen a virun allem solle 500 nei Wunnengen dorënner och Logement abordable entstoen. „Wann dat alles esou realiséiert soll ginn, da wären eis Reserven um Enn vun der Mandatsperiod all opgebraucht“, seet de Jacques Bauer an hänkt hannendrun, dass se zu Nidderaanwen op alle Fall staark duerfir plädéieren, datt d’Regierung d’Gemengefinanzen op de Leescht hëllt.

Apropos Gemengefinanzen: Nidderaanwen a Leideleng hate bekanntlech virum Verfassungsgeriicht géint déi an hiren Aen ongerecht Verdeelung vun de Suen aus dem Fonds de dotation globale des communes geklot. Enn lescht Joer sinn d’Riichter zur Konklusioun komm, dass Gemengefinanzéierung aus de Joren 2017 an 2018 verfassungswiddreg ass. „Mir kruten deemno fir déi zwee Joer Recht. Fir déi anere Joren net, obwuel d’Problematik u sech genau déi selwecht ass ausser dass de Krittär vun der Populatioun ajustée an d'Gesetz geschriwwe ginn ass“, seet de Jacques Bauer dozou.

„Den SYVICOL muss a mengen An nach méi maache fir weider am Gemengesecteur bekannt ze ginn.“

„Domadder wäre mir dann och beim SYVICOL, deen a mengen An nach méi muss maache fir am Gemengesecteur nach weider bekannt ze ginn. Hien ass d’Stëmm vun alle Gemengen a spillt eng immens wichteg Roll. Och als Contrepoids zur Regierung“, seet de Jacques Bauer. An dat och am Kontext vun der Gemengenautonomie, déi et de Gemengen erméiglecht eegeverantwortlech kënnen ze sinn a zumindest zu engem groussen Deel selwer kënnen ze gestalten.

„Et ass awer aktuell esou, datt de Staat de Gemengen ëmmer méi an nei Missiounen an Obligatiounen opbrummt. Mir wëllen déi och gären erfëllen, mee duerfir muss de Staat de Gemengen awer och déi néideg finanziell Moyenen zur Verfügung stellen“. Och op dësem Punkt gesäit de Jacques Bauer groussen Handlungsbedarf. Och fir de SYVICOL.

A wéi gesäit hien seng Roll als Delegéierte vun de Gemenge Conter, Luerenzweiler, Sandweiler, Schëtter, Steesel a Walfer, deenen hir Interêten hien nieft senger Heemechtsgemeng och nach vertrëtt? « Ech wäert déi wichtegsten Diskussiounen aus dem Comité vum SYVICOL als Delegéierten un déi respektiv Schäfferéit weider ginn“, seet hien an ënnersträicht, dass hien sech och als direkten Uspriechpartner, gemengeniwwergräifend, versteet. Speziell wat de Volet Finanze betrëfft, wuel wëssend, dass dat awer een haarde Match mat der Regierung wäert ginn.

Woumat mir da beim Thema Sport wären. Dem Jacques Bauer seng zwee Bouwe spillen alle béid beim BBC Gréngewald Hueschtert Basketball. Hie selwer ass am Conseil d’Appel vun der FLBB. Ee Mandat am Veräin huet hien awer net méi. Bis 42 Joer huet de Jacques Bauer aktiv Volleyball gespillt zu Péiteng an zu Walfer. An a senger Fräizäit ass hien och sportlech ënnerwee, fiert hie gäre Schi a geet Tauchen.

Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an den nächste Wochen a Méint all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.

Foto : © SYVICOL

Publié le : 24.07.2024

Matières