Smart City Expo World Congress zu Barcelona

D’Chambre de Commerce organiséiert vum 5. - 7. November en nationale Pavillon um Salon Smart City Expo World Congress zu Barcelona.

Dësen internationalen Event bréngt op enger Plaz Vertrieder vun internationalen Entreprisen, lokalen an nationale Regierungen an Organisatiounen zesumme fir Léisunge fir d'Stied vu muer an urban Innovatioun ze fannen an ze deelen.

Den nationale Pavillon erlaabt et Betriber, mee och Stied a Gemengen hir Besoinen oder Léisunge virzestellen, dëst alles ënnert dem nationale Markenzeechen « Luxembourg Let's Make it happen ». Fotoe vu fréieren Editioune sinn hei verfügbar.

Bei dëser Geleeënheet organiséiert d'Chambre de Commerce och, de 5. November am nationale Pavillon, eng Receptioun déi Entreprisen, Visiteuren, Partner an auslännesch Delegatioune mat Interessi fir Lëtzebuerg zesummebréngt.

Gläichzäiteg ass och eng offiziel Receptioun fir Buergermeeschteren déi um Smart City Expo World Congress präsent sinn virgesinn.

Wann Dir um Smart City Expo World Congress interesséiert sidd, kënnt Dir d'Chambre de Commerce kontaktéieren, déi Iech Badgen zu preferentielle Präisser kann zur Verfügung stellen, am Fall wou Dir als Aussteller oder Visiteur wëllt deelhuelen.

Fir weider Informatiounen, steet d’Chambre de Commerce Iech zu Verfügung.

Umeldefrist fir e Stand um Pavillon ze reservéieren ass de 15. Juli 2024. Visiteure kënnen sech och dono nach umellen.

Kontaktpersounen:
Nil Blanchy / Annelore Domingos
Service Trade Fairs, Chambre de Commerce
Tél. : +352 42 39 39 – 360
E. : smart-city@cc.lu

Publié le : 14.06.2024