D’Gemengen am Reen stoe gelooss bei de Fusiounen? D’AVCL reagéiert mat enger Stellungnam

An enger fräier Tribün am Lëtzebuerger Wort, deemools méi wéi jee d'Sproochrouer vun der Oppositioun, vum 20. Februar 1979, déi iwwerschriwwen ass mat „In der Kommunalpolitik nichts Neues“, gëtt de Sujet Gemengefusiounen op de Leescht geholl a souwuel den Inneministère wéi och d’Association des Villes et Communes Luxembourgeoises schaarf kritiséiert.

Et wär an dem Dossier wärend der ganzer Legislaturperiod vun der DP-LSAP-Regierung, déi zënter 1974 Lëtzebuerg regéiert, wéineg passéiert an eng ganz Partie Buergermeeschtere wären am Reen stoe gelooss ginn. Weder hätte si Ënnerstëtzung krut, nach wär versicht ginn, Akzenter um kommunalpolitesche Plang ze setzen. An onsen Nopeschlänner hätten „mutigere Regierungen und verantwortungsvolle christlich-soziale Politiker versucht, die Gemeinde des Jahres 2000 zu gestalten“. Och d’Gemengegesetz vun 1843 wär, trotz verschiddenen Adaptatiounen, net méi zäitgeméiss, sou den Auteur weider, bei deem et sech em den Escher CSV-Politiker an Deputéierten Henri Koch handelt.

En Dag no der Publikatioun reagéiert d’AVCL mat enger Stellungnam: Et wär effektiv esou datt d’Gemengegesetz onbedéngt misst reforméiert ginn. A Saache Fusioune wär d’AVCL awer net esou inaktiv wéi am Artikel beschriwwen: „Bereits im Jahre 1972, als die Frage der freiwilligen Zusammenlegungen akut wurde, hat der Gemeindeverband 5 Versammlungen für Gemeindevertreter in den verschiedenen Gegenden unseres Landes abgehalten, und zwar nur über ein einziges Thema, nämlich die Fusionen“.

D’Fusioune wären an de leschte Jore beim Daachverband vun de Gemengen een Dauerthema gewiescht, heescht et weider, an op der AVCL-Generalversammlung am Mee 1975, wär d’Thema och behandelt ginn : „Hierbei legten prominente Kenner der jeweiligen Szene aus Belgien, Frankreich und Rheinland-Pfalz, unseren Delegierten ihre objektiven Berichte vor über die in ihren Ländern gemachten Erfahrungen auf diesem Gebiet.“ „Der Sinn davon war“, heescht et weider, „unseren Gemeinden die Gelegenheit zu bieten, aus den in den Nachbarländern gemachten Fehlern und Unterlassungen, aber auch aus ihren Erfolgen, zu lernen”. Doriwwer eraus, wären all déi Rapporten an enger Broschür zesummegefaasst an un d’Gemenge verschéckt ginn.


Foto: © Archives du SYVICOL (Montage)

Publié le : 21.02.2021