ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

„Mayors for Peace“: D’Gemengen an de SYVICOL setze sech fir eng méi friddlech Welt ouni Atomwaffen an

En Dënschden, de 6. August 2024, hu sech eng Rei Vertrieder vu Gemengen a vum SYVICOL a Presenz vum japanesche Botschafter Tadahiro Matsubara zu Iechternach afonnt, fir am Kader vun der Organisatioun „Mayors for Peace“ den Affer vun den Atombommen-Ofwërf op Hiroshima, an dräi Deeg méi spéit op Nagasaki, vu virun 79 Joer ze gedenken. Genotzt gouf dëse Joresdag och fir fir eng méi friddlech Welt ouni Atomwaffen a Krich anzetrieden. No Reckeng op der Mess, Schëffleng a Käl /Téiteng huet déi drëtten Editioun vun dëser „Journée de Commémoration“ dëst Joer op den Dag genee 79 Joer no Hiroshima zu Iechternach stattfonnt. Zeréck geet d’Initiative op den Tom Jungen, de Buergermeeschter vu Réiser, an de Raymond Becker vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg asbl“. Am Hierscht 2020 waren déi zwee beim SYVICOL virstelleg gi matt der Iddi en Opruff un d’Gemengen ze maachen, fir der internationaler Organisatioun „Mayors for Peace“ bäizetrieden an och hei zu Lëtzebuerg eng alljärlech Gedenkzeremonie an d’Liewen ze ruffen. Am Joer 1982 hat den Takeshi Araki, den deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, d’Organisatioun „Mayors for Peace“ (www.mayorsforpeace.org) an d’Liewe geruff, mam Zil, datt d’Gemengen, hier Biergerinnen a Bierger sech weltwäit fir e Planéit ouni Atomwaffen asetzen a generell fir ee méi friddlecht Zesummeliewen antrieden. Insgesamt 8.265 Stied a Gemengen aus 166 Länner a Regiounen hunn sech entretemps dem Netzwierk „Mayors for Peace“ ugeschloss, dorënner 63 Gemengen aus dem Grand-Duché. Déi éischt Gemeng war Wolz, d'Ville Martyr, wéi se genannt gëtt, an dat schonns am Juli 1989, Iechternach ass 2015 bäigetrueden, an déi lescht Gemeng war Reckeng op der Mess am Joer 2021. Nom symboleschen Uplanze vun engem Ginkgobam – dëse Bam ass déi éischt Planz, déi 1945 zu Hiroshima erëm ugefaangen huet ze wuessen a steet domadder fir Widderstandskraaft an de Wëlle fir d’Iwwerliewen – an dem Aweie vun enger Gedenkplack am Haff vun der Millermoaler Schull, huet den offiziellen Deel vun der Feier am Trifolion stattfonnt. No der Begréissungsusprooch vun der Iechternacher Buergermeeschtesch Carole Hartmann, déi an hirer Ried och op d’Evakuéierung vun Iechternach Enn 1944, op d’Zerstéierung vun der Basilika wärend der Ardennenoffensiv an op déi definitiv Befreiung vun der Stad am Fréijoer 1945 agaangen ass, huet de japaneschen Ambassadeur Tadahiro Matsubara d’Wuert ergraff an ass op déi fuerchtbar kierperlech Leide vun den Affer vun den Atombommen-Ofwërf op Hiroshima an op Nagasaki aus der Perspektiv vun engem Iwwerliewenden agaangen an huet awer och ee Bléck no fir gehäit op d’Weltausstellung, déi 2025 zu Osaka stattfënnt. A sengen Ausféierungen huet de SYVICOL-President Emile Eicher dorunner erënnert, datt wéi dës Zeremonie virun dräi Joer eng éischte Kéier stattfonnt huet, d’Welt an Europa nach komplett anerer waren. Deemools, de 6. August 2021, gouf et nach kee Krich an Europa, wat sech e puer Méint méi spéit mat der bluddeger Attack vu Russland op d‘Ukrain brutal geännert huet. „Mir hunn ons deemools vill manner Gedanken a Suerge misste maachen em ons Zukunft an déi vun eise Kanner a Kandskanner. Eis Welt ass eng Welt, wéi se nëmmen déi eeler Generatiounen ënnert eis nach kennen. Eng Welt, wou Krich a Leed ëmmer méi no un eis erukommen“, esou den Emile Eicher. Nëmmen e puer Deeg no der Attack huet de Comité vum SYVICOL eng Resolutioun ugeholl mat där hien déi militäresch Aggressioun condamnéiert an d’Gemengen hei am Land opgefuerdert huet, d‘Ukrain a hir Awunner z’ënnerstëtzen. „D’Gemengen hu sech, wéi dir all wësst, direkt solidaresch gewisen an eng Hand mat ugepaakt“ esou de SYVICOL-President weider, deen an deem Kontext och op eng rezent Entrevue mat de politesch Responsabele vun der Gemeng Stroossen agaangen ass, déi den 13. November een 1. Internationale Forum mam Slogan „Bridges of Solidarity : Humanitarian and Social Initiatives from Cities to Cities“ organiséiere bei deem d’Hëllef fir d’Ukrain am Mëttelpunkt steet. Wichteg wär et, esou den Emile Eicher, „datt mir de Krich an der Ukrain weiderhin am Fokus hunn a seng Suitte fir d’Sécherheet an d’Zesummeliewen an Europa net aus den Ae verléieren.“ Leider wär et awer esou, dass deen an der Ëffentlechkeet an och an de Medien an der leschter Zäit, sengem Empfannen no, an den Hannergrond geréckelt wär an ëmmer manner wouer geholl gëtt. Ze denke gëtt him och déi méiglech Akzeptanz vun enger nuklearer Ausernanersetzung, déi mëttlerweil quasi als een Deel vun engem nächste Krich ugesi gëtt. „An och, datt weltwäit, an Europa an och hei zu Lëtzebuerg, militäresch opgerëscht gëtt wéi nach ni virdrun. Mir si matzen an engem Kale Krich gelant an hu joerzéngtelaang geduecht, datt esou eppes net méi ka passéieren“, esou de SYVICOL-President, den duerno alle Bedeelegten ee grousse Merci ausgeschwat huet an ofschléissend mat de Wierder „esou Initiative wéi déi hei ginn haut méi wéi jee gebraucht“ speziell dem Tom Jungen an dem Raymond Becker fir hir Iddi felicitéiert huet. De Raymond Becker fir säin Deel huet a senger Ried opgewise wéi staark an de leschte Méint a Joren d’Weltmuechten opgerëscht hunn an huet virum Asaz vun Nuklearwaffe gewarnt. Well et géif an deem Kontext just een: „Either we abolish the nuclear weapons or they will abolish the humanity“. Musikalesch ënnermoolt gouf d‘Zeremonie vun der japanescher Pianistin Michiko Sasano, déi zënter 2008 zu Iechternach an der Musekschoul schafft. Fotoen : © SYVICOL


Publié le 20.08.2024

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.