ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

Portrait-Serie – Rajesh Etgen, neie Comitésmember : „De SYVICOL ass um gudde Wee fir nach méi déi Ulafstell fir d’Gemengen ze ginn, déi informéiert a forméiert, esou datt d’Lokalpolitik nach besser agéiere kann am Déngscht vum Bierger.“

Hien ass nei an der Lokalpolitik, an och am Comité vum SYVICOL ass et säin éischt Mandat. Mee an deem Haus, wou hien hierkënnt, gouf a gëtt ëmmer vill iwwer kommunal an national Politik diskutéiert. Rieds ass vum Rajesh Etgen, deen zënter de Gemengewalen 2023 zu Feelen Conseiller ass. Op d’Welt koum de Rajesh Etgen viru 36 Joer an Indien. Mat 10 Méint koum hien op Lëtzebuerg, méi genee op Uewerfeelen, wou hien opgewuess ass. Säin Adoptivpapp, de Fernand Etgen, war deemools schonns eng Partie Joren an der Gemengepolitik an am gaangen de Grondsteen fir seng spéider nationalpolitesch Karriär ze leeën. Wann een an engem Haus opwiisst, wou d’Politik grouss geschriwwe gëtt, sinn d’Chancë grouss, selwer emol do ze landen. Beim Rajesh Etgen, war dat awer e bëssi anescht, wéi hien erkläert: „An d’Gemengepolitik goe war fir mech vill méi eng logesch Suite vu mengem Veräinsengagement. Fir mech ass d’Gemengepolitik nämlech ee Spigelbild vum Veräins- a Gesellschaftsliewen. Mäi Papp huet mech op alle Fall net an déi Roll gedrängt, et war meng eegen a perséinlech Decisioun.“ No senger Schoulzäit am Lycée zu Dikrech an zu Ettelbréck ass de Rajesh Etgen direkt schaffe gaangen an net wéi vill vu senge Kolleegen op d’Uni. Méi wéi 10 Joer huet hien am Privatsecteur geschafft a war Comptabel bei enger Fiduciaire. Mathé a Kompatibilitéit war ëmmer senges. Zënter bal 4 Joer ass hien elo Staatsbeamten a schafft op der Steierverwaltung an der Stad. Wann een hien no sengen Hobbye freet, da sinn dat säin Engagement am lokale Veräins- a Gesellschaftsliewen : Hien ass President vun der US Feulen, déi zënter dëser Saison an der Éierepromotioun spillt. Heiansdo ass hie selwer och nach bei de Reserven an der Härenequipe aktiv. Dann ass hien och Komiteesmember bei der Jugend vum Feelener Fussball, aktive Pompjee am CIS Feelen, Member vun den Nidderfeelener Jongen an der Feelener Jugend. Him geet et awer net dorëms fir dobäi an der éischter Rei ze stoen, mee ëmmer fir eng Hand mat unzepaken. „Ech maache léiwer eppes selwer anstatt ze delegéieren. Fir mech brauch eng Gemeng nämlech Leit, déi se duerch hiren Engagement lieweg halen. De Benevolat ass eppes immens Wichteges“, seet hien a spillt domat op d’Roll vun de Veräiner als Motor vum Zesummeliewen an de Gemengen insgesamt un. Et geet awer och em Liewensqualitéit, speziell am ländleche Raum. Ee weidere wichtege Sujet als Lokalpolitiker ass fir de Rajesh Etgen d’Biergerbedeelegung. „D‘Bierger wëllen net nëmme vun de Gemengepolitiker vertruede ginn. D’Bierger wëllen haut ëmmer méi aktiv matschaffen, matdiskutéieren a matdecidéieren. Dovunner musse mir als Gemeng profitéieren an hinnen nolauschteren“, esou de Rajesh Etgen weider. Gemengepolitik ass fir hien ëmmer och eng Politik vun ënnen erop oder fir et op Nei-Lëtzebuergesch ze soen: „Bottom up“. Wichteg ass him och d’Informatioun an d’Kommunikatioun mam Bierger. Ronn 13 Joer no sengem Papp, dee vun 2005 bis 2011 Member vum Comité war, ass de Rajesh Etgen dann elo och Deel vum SYVICOL. Hien vertrëtt dobäi d’Interête vun de Gemenge Bissen, Colmer-Bierg, Ettelbréck, Mäerzeg, Schieren a senger Heemechtsgemeng. Hien huet fest wëlles, déi Responsabel aus deene Gemenge reegelméisseg ze kontaktéieren an Entrevuë mat hinnen ze hunn. Engagéiert wéi hien ass, huet de Politik-Newcomer och direkt Présidence vun der Commission consultative am SYVICOL iwwerholl, déi sech em de Volet administratif, ënner anerem also em Sujete wéi de Fonctionnement an d’Organisatioun vun de Gemenge këmmert. Mee och em de Volet Finanzen. An dat ass e Punkt deen him um Häerz läit: „D’Gemenge wuessen an engem schwindelereegende Rhythmus. An och d’Uspréch vun de Leit. Et muss verstäerkt an d‘Infrastrukturen investéiert ginn an dowéinst brauchen se och déi entspriechend finanziell Mëttel.“ A sengen Aen, brauchen d'Gemenge méi Finanzhëllef vum Staat well si déi sinn, déi méi no um Bierger sinn a méi séier kënne Projeten ëmsetzen. De Verdeelungsschlëssel wäer net ëmmer gerecht, duerfir missten déi verschidde Bedeelegungen, de Fonds pour l’emploi zum Beispill, a reegelméissegen Ofstänn op de Leescht geholl ginn, seet de Rajesh Etgen weider. An engem Land, wou et nëmmen zwou Entscheedungsebene gëtt, hätten d’Gemengen an domadder och hiren Daachverband de SYVICOL, eng essentiel Roll ze erfëllen. Seng konkret Roll gesäit hien och doranner, mat gudden Argumenter ze hëllefen de Staat nach méi an d’Pflicht ze huelen. An als Feelener an deemno Nordstad-Noper läit et him och um Häerz, datt dëse Fusiounsprozess endlech Realitéit gëtt. Dat wäert awer nëmme goen, wann den Inneministère eng Hand mat upéckt an och de Portmonni méi grouss opmécht. Am SYVICOL ass hien awer och fir ze léieren a weider Abléck dorënner ze kréie wéi de Gemengesecteur funktionéiert. „Ech sinn nei, immens motivéiert an éiergäizeg. An ech wëll datt eppes geschitt fir et emol esou ze formuléieren“. Duerfir misst och den Daachverband vun den 100 Gemengen nach méi Reklamm fir sech maachen. „De SYVICOL ass um gudde Wee fir nach méi déi Ulafstell fir d’Gemengen ze ginn, déi informéiert a forméiert, esou datt d’Lokalpolitik nach besser agéieren kann am Déngscht vum Bierger“. D’Weichen dofir wären an de leschte Joren op alle Fall an déi richteg Richtung gestallt ginn. Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL an den nächste Wochen a Méint all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.


Publié le 29.10.2024

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.