ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

Portrait-Serie – Chantal Kauffmann, déi nei Comitésmember vum SYVICOL: „Am SYVICOL geet et mir dorëms fir bäizeléieren an d’Gemengepolitik aus enger anerer Perspektiv kennen ze léieren.“

Zënter 2017 ass d’Chantal Kauffmann zu Wooltz politesch aktiv. No de leschte Gemengewale vu Juni 2023 ass si Schäffen an enger CSV-DP-Koalitioun ginn, an där si sech ëm net manner wéi 16 Ressorte këmmert. Als Member vum Comité vum SYVICOL vertrëtt si d’Interête vu 6 Gemengen. „Wooltz läit mir um Häerz, an och seng Awunner. Ech fannen et eng nobel Tâche, sech an den Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger ze stellen. D‘Gemengepolitik ass eppes, wat mech schonns ëmmer interesséiert huet“, esou d’Chantal Kauffmann op d’Fro, wat si da beweegt huet fir politesch aktiv ze ginn. Am Joer 2011 ass si eng éischte Kéier mat an d’Wale gaangen, mee net erakomm. Zënter 2017 ass déi Stack-Wëlzerin mat derbäi, an elo als Schäffen an der „Cité Martyre“, wéi Wooltz och nach genannt gëtt, an der Responsabilitéit. Berufflech gesinn, huet d’Chantal Kauffmann, no hirem Diplôme d’aptitude professionnelle am Beräich Commerce, ugefaangen an enger Elektricitéits-Entreprise zu Wooltz ze schaffen. Do war si ënner anerem zoustänneg fir d’Comptabilitéit an d‘Ressources humaines. „Mee am Fong war ech ‚Mädchen für alles‘, wéi een esou schéi seet, a konnt an all de Joren an déi ënnerschiddlechst Beräicher era kucken. Och an de méi technesche Volet op Chantieren“. D’Chantal Kauffmann ass 59 Joer al, bestuet a Mamm vun engem erwuessene Bouf, dee laang beim FC Wooltz 71 Fussball gespillt huet, deem Veräin an deem si laang Joren an der Jugendkommissioun aktiv war. „De klassesche Benevolat eben. Do léiert ee vill Leit kennen, an et kritt een e ganz gutt Gespier fir d’Suerge vun de Leit an hir Problemer“, esou déi engagéiert Lokalpolitikerin weider, déi als jonk Fra Basket beim BBC Les Sangliers Wooltz gespillt huet, ee vun de ronn 80 Clibb an Associatiounen an der Gemeng. „Mir hunn e ganz aktiivt Veräinsliewen zu Wooltz. An dat ass ass gutt esou, well d’Veräiner vill zum ‚Vivre ensemble‘ bäidroen“. Wooltz hat op den 12. September 2024 8.275 Awunner, vun deenen 48 % net Lëtzebuerger waren. E groussen Defi ass de Sujet Wunnen. Mam Projet „Wunne mat der Wooltz“ vum Fonds du Logement verschwannen déi fréier Industriefrichen am Häerz vun der Stad, a ginn zu engem moderne Wunnvéirel. Doduerch wäerte bis 2035 ronn 2.500 Leit an der Kantonalhaaptstad bäikommen, mat all de Konsequenzen, déi dat fir Beräicher wéi Schoul a Maison relais, mee awer och d‘Waasserversuergung an d’Kanalisatioun huet. Stolz ass d’Chantal Kauffmann dorops, datt am „Geenzepark“ déi gesondste Schoul a Maison relais a ganz Lëtzebuerg stinn. Déi goufe just mat Material gebaut, dat keen negativen Impakt op d’Gesondheet vun de Schüler an d‘Personal huet, an natierlech och ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft. Wooltz ass schliisslech net ëmsoss den Hotspot vun der Economie circulaire hei am Land, an huet sech do an de leschten 10 Joer wäit iwwert d’Grenze vum Grand-Duché en Numm gemaach. „An dëst Joer wäert dat och nach grouss gefeiert ginn“ esou d’Chantal Kauffmann. E Projet deen hir och um Häerz läit ass den Déierekierfecht zu Rulljen, deen eenzegen an där Form hei am Land. Gedanke mécht hir déi finanziell Situatioun vu Wooltz. „Mir hu leider missten de Rimm meng enk schnallen an hunn op enger ganzer Partie Budgetsartikele bis zu 15 % agespuert, well an der Vergaangenheet iwwert d’Verhältnisser gelieft ginn ass“, esou d’Chantal Kauffmann. Grouss Spréng sinn duerfir och net méiglech, wat awer och domadder zesummenhänkt, datt engersäits vill Infrastrukturen vun der Gemeng musse virfinanzéiert ginn, fir prett ze sinn wann déi vill nei Awunner vu „Wunne mat der Wooltz“ an hir Logementer plënneren. Op der der anerer Säit d’Vente vun de ronn 100 neie Bauplazen, déi d’Gemeng selwer am Lotissement „op Heidert“ geschaf huet, wéinst der Situatioun um Immobiliemaart nach ëmmer net ugezunn huet. A firwat huet si fir de Comité vum SYVICOL kandidéiert? „Et geet mir emol dorëms fir bäizeléieren an d’Gemengepolitik aus enger anerer Perspektiv ze gesinn“, esou d’Chantal Kauffmann. Ee Sujet deen hir um Häerz läit ass e.a. de Congé politique, vun deem si zwar net betraff ass, well si entretemps an der Pensioun ass. „Déi rezent Hausse vum Congé politique, fir déi sech de SYVICOL jo ëmmer staark gemaach huet, war bluttnoutwenneg“, esou d’Chantal Kaufmann, déi seet datt et zu 3 am Schäfferot an enger Gemeng wéi Wooltz alles aneschters wéi einfach wär. „Duerfir fannen ech et och gutt, datt de Congé politique elo ëmmer erëm nei evaluéiert wäert ginn, jee no der demografescher Entwécklung vun der Gemeng“. Si selwer ass 60 bis 70 Stonnen an der Woch am Asaz fir d’Gemeng, wou et ëmmer dorëms geet fir déi beschtméiglechst Léisunge fir d’Biergerinnen an d’Bierger ze fannen. Nieft hirer Heemechtsgemeng vertrëtt si am SYVICOL och nach d’Interête vun de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Géisdref, der Stauséigemeng a Wanseler. Si begréisst et, datt de SYVICOL elo am Mäerz 2025, am Kader vun enger Rei vu regionale Reuniounen, den direkte Kontakt mat all de Gemengepolitiker sicht, an dobäi och Statioun zu Clierf mécht. „Ech freeë mech op Echangë mat de Leit, a wäert dat als Kick-off huele fir an Zukunft méi reegelméisseg déi 6 Gemengen doriwwer ze informéieren, wat am SYVICOL usteet.” Eng gutt Iddi wär et, e regionale Whatsapp-Grupp fir déi Responsabel vun deene betraffene Gemengen op d’Been ze stellen, fir d’Kommunikatioun méi séier a méi einfach ze maachen. Schliisslech ginn d‘Defie fir d’Gemengen ëmmer méi grouss a komplex, an do wär eng gutt Kommunikatioun iwwer dat wat am SYVICOL diskutéiert gëtt ganz wichteg. Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.


Publié le 23.01.2025

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


EVÉNEMENTS

Retrouvez ci-dessous nos prochains événements !

App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.