ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

Portrait-Serie – Martine Cognioul-Loos, déi nei Comitésmember vum SYVICOL : „De SYVICOL ass a mengen Aen nach net bekannt genuch. Duerfir muss nach méi Promotioun gemaach ginn“

Zënter 2017 ass d’Martine Cognioul-Loos Conseillère zu Gréiwemaacher. Member am Comité vum SYVICOL, wou si d’Interête vun net manner wéi 8 Gemenge vertrëtt, ass si zënter Januar dëst Joer. Eigentlech hat si net wëlles, politesch aktiv ze ginn. Mee heiansdo kënnt et dann awer aneschters.

„Jo, dat war deemools e bëssi komesch gaangen“ seet d’Martine Cognioul-Loos, wa si op d’Ufäng vun hirer lokalpolitescher Karriär zeréck kuckt. „Mäi Mann, dee laang Joren och politesch aktiv war, ass 2017 aus gesondheetleche Grënn net méi mat gaangen. Dunn huet de Léon mech gefrot“, esou d’Martine Cognioul-Loos. Mam „Léon“ ass de fréiere Maacher Buergermeeschter an haitegen Inneminister Léon Gloden gemengt. Och hir Famill huet si encouragéiert, dëse Schratt ze maachen. No enger kuerzer Bedenkzäit ass déi haut 61 Joer al pensionéiert Staatsbeamtin du mat an d’Wale gaangen an direkt gewielt ginn.

„Politik maachen ass eppes wat mir immens Freed bereet“, seet si a laacht dobäi vu ganzem Häerz. Laachen ass eppes wat si fir hiert d’Liewe gäre mécht. An och sech fir aner Leit asetzen a virun allem nolauschteren. „Ech fannen, dass dat eng ganz wichteg Qualitéit ass. Ech lauschteren op alle Fall ëmmer mol fir d’éischt no a loosse mir dann déi Propose, déi grad gemaach gouf, oder dat Uleies wat gereegelt muss ginn einfach mol duerch de Kapp goen, ier ech eppes dozou soen oder eng Decisioun huelen. Och am SYVICOL“, seet d’Martine Cognioul-Loos.

Als Maacher Meedchen an als fréier Wäikinnigin ass si fest an der Muselmetropol verwuerzelt. Maacher, dat ass net nëmmen e Stéck Musel, mee virun allem och e Stéck Lëtzebuerg, wou Folklore an Traditioun grouss geschriwwe ginn. Wien awer elo mengt, datt Gréiwemaacher, eng vun deenen 12 Gemengen, déi de Titel „Stad“ dréit, stoe bliwwe wär, deen iert sech.

„Duerch ee Lotissement fir 200 nei Awunner wuesse mir a wäerten dann eng ronn 5.500 Awunner hunn. Wéi vill Gemenge mussen och mir dowéinst an d’Infrastrukturen investéieren“, erkläert d’Martine Cognioul-Loos. Virun allem an d’Schoulen an an d‘Maison relais. Da soll och d‘Maartplaz ëmgestalt an autofräi ginn. Fir dee Projet hunn déi politesch Verantwortlech vun der schwaarz-grénger Koalitioun d’Bierger mat an d’Boot geholl.

„D’Biegerparticipatioun ass wichteg. An och de Vivre ensemble, dee bei ons mat 87 verschiddenen Nationalitéiten natierlech richteg grouss geschriwwe gëtt. An d‘Finanzen, wou et ëmmer méi schwiereg gëtt“, seet Martine Cognioul-Loos a kuckt e bëssi mat Suergen doropper, datt den neie Kulturzentrum net wéi geplangt 25 mee elo mindestens 40 Milliounen Euro kaschte wäert. Rezent gouf och eng nei Annexe vun der Gemeng ageweit fir de Bierger e beschtméigleche Service unzebidden. Et wär net einfach fir d’Leit all zefridden ze stellen, speziell dann net, wann een zum Beispill eng onpopulär awer noutwendeg Mesure misst huele wéi Taxe fir d‘Müllabfuhr an d’Luucht setzen.

Um Häerz leien der Mamm vun zwee erwuessene Kanner awer déi, deenen d’Zukunft gehéiert: d‘Kanner an déi Jugendlech. Iwwer deenen hier Besoinen ass si gutt um Courant als Präsidentin vun der Begleedungskommissoun vun der lokaler Musekschoul, déi 1.040 Schüler huet, an och als Sekretärin vun der Sportskommissioun. Donieft assuréiert si och d’Sekretariat vun der Kommissioun vum drëtten Alter. „Wichteg ass mir och déi Maacher Geschäftswelt, grad wéi den Tourismus, deen net ze kuerz kommen däerf. Duerfir plädéieren ech ëmmer fir méi Vëlosweeër a Gréngflächen“ esou d’Martine Cognioul-Loos weider.

De SYVICOL kennt si duerch hir berufflech Karriär bei der Caisse de maladie des fonctionnaires et employés communaux. Do huet si 40 Joer laang geschafft a war responsabel fir Budget a Personal. De SYVICOL ass do mat enger Rei Memberen am Verwaltungsrot vertrueden. An haut representéiert si de SYVICOL an eben deem Verwaltungsrot an ass Präsidentin dovunner. Dozou d’Martine Cognioul-Loos: „Ech wosst also schonns e bëssi wat mam SYVICOL géing op mech duer kommen. Et ass och interessant ze gesinn, op ewéi engen Niveauen de SYVICOL sech fir d’Gemengen engagéiert.“

Motivéiert fir Kandidatin ze sinn hat si awer och de Jean-Marie Sadler, deen an der leschter Mandatur eben och d’Interête vun de Gemenge Betzder, Biwer, Fluessweiler Gréiwemaacher, Jonglënster, Manternach, Mäertert a Wuermer am Comité vum SYVICOL vertrueden huet. Um Häerz läit hir den direkte Kontakt an dës Gemengen. „Ech sinn disponibel a stinn op alle Fall gäre Ried an Entwäert iwwer mäin Engagement am SYVICOL.“

Frou ass si och doriwwer, datt eng vun de regionale Reunioune vum SYVICOL mat de Gemengepolitiker am Fréijoer zu Gréiwemaacher stattfanne wäert. A wat muss de SYVICOL nach maachen? „De SYVICOL ass a mengen Aen nach net bekannt genuch. Duerfir muss nach méi Promotioun gemaach ginn“. Eraus bei d’Gemenge goen an de Bols bei der Lokalpolitik huelen, wär op alle Fall eng ganz gutt Initiativ.

Wéi all engagéierte Lokalpolitiker, ass och d’Martine Cognioul-Loos vill am Déngscht vum Bierger am Asaz. Donieft bleift awer Zäit fir Reesen, mat deenen zwee Hënn spadséiere goen, E-Bike fueren a flott Concerte besichen. Wichteg ass hir och dat méi Gesellegt, wéi e gudde Patt Wäi vun der Musel zesumme mat Frënn ze drénken. Oder awer den CS Gréiwemaacher kucken ze goen, deen zwar schonns besser Zäiten erlieft awer gutt Chancen hätt, déi nächst Saison erëm Éierepromotioun ze spillen.

Umierkung: An enger Serie vu Portraite stellt de SYVICOL all déi nei Membere vu sengem Comité fir an dat an alphabetescher Reiefolleg.


Publié le 21.10.2024

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.