ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

De SYVICOL-Präsident am Kader vum Fusiounsfest an der Gemeng Groussbus-Wal: „Eng Gemengefusioun ass keen einfache Prozess, mee all Stonn wäert déi een doran investéiert!“

E Joer nodeem d’Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal Realitéit ginn ass, huet e Samschden, den 21. September 2024 zu Randschelt eng Feierlechkeet am Kader vum 1. Anniversaire stattfonnt. Bei där Geleeënheet hat de SYVICOL-Präsident Emile Eicher gläich e puer Messagen un d’Adresse vun de Biergerinnen a Bierger. „Ouni de Feu vert vun Iech, léif Biergerinnen a Bierger, wär et eng keng Fusioun ginn. Duerfir op dëser Plaz e grousse Merci un iech all !“ A senger Ried huet de SYVICOL-Präsident Emile Eicher och Follgendes betount: „Bei enger Fusioun ass a bleift de Referendum dat entscheedend Element“. Mat hirem „Jo“ hätten d‘Biergerinnen a Bierger awer net nëmmen de Wee fräi gemaach fir d’Fusioun, mee och d’Viraussetzung geschafe fir eng besser Liewensqualitéit an hirer „neier“ Gemeng. „Zesumme méi staark“ war de Motto vun der Fusioun vu Groussbus-Wal. An dee Slogan géing et et op de Punkt treffen, esou den Emile Eicher weider. Leider wär et sou, datt speziell déi kleng Gemengen et net einfach hunn, well d’Erausfuerderungen ëmmer méi grouss, méi villfälteg a méi zahlreich géinge ginn. Erënnert huet hien och dorunner, datt hie selwer den éischte Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Clierf war: „D’Fusioun vun de Gemenge Clierf, Hengescht a Munzen war keen einfache Prozess, mee um Enn war et awer all Stonn Zäit wäert déi doran investéiert gouf. Ech war schonn deemools vun der Fusioun iwwerzeegt a sinn et haut méi wéi jee!“ Och de Gemengesyndikat SYVICOL wär ganz kloer fir Gemengefusiounen a stéing dofir senge Memberen och mat Rot an Dot zur Säit, sou den Emile Eicher weider, deen sech och e puer Mol mat de Buergermeeschteren aus deenen zwou Gemengen iwwert déi geplangte Fusioun ausgetosch huet. Dobäi hätt hie kenne feststellen, datt déi politesch Responsabel grousse Wäert drop geluecht hätten, fir d’Gemengepersonal mat anzebannen an och d’Biergerinnen an d‘Bierger direkt mat op de Wee ze huelen. E ganz wichtegen Acteur bei esou engem Prozess ass natierlech och den Inneministère, deen de Gemengen dobäi kräfteg ënnert d’Äerm gräift. An dem Kontext huet den Emile Eicher sech erfreet doriwwer gewisen, datt d‘Cellule Indépendante Fusions Communales (CIFC), déi ënnert dem fréieren Inneminister Dan Kersch ofgeschaaft gi war, nees reaktivéiert wäert ginn. A senger Ried huet den Innenminister Léon Gloden dat dann och effektiv confirméiert a betount, datt de Inneministère e Partner vun de Gemenge wär. D‘Diere fir Gemengen, déi fusionéiere wéilte géingen op alle Fall grouss opstoen. Eng Fusioun misst awer ëmmer vun ënnen erop entstoen, zesumme mat de Biergerinnen a Bierger. Den Inneminister huet och ugekënnegt, déi staatlech Subventioune fir de Gemengesecteur op de Leescht ze huelen, well dat generellt Zil wär et, an den nächste Joren eng méi modern Gemengelandschaft ze schafen, déi méi kompetitiv ass an den Erausfuerderungen nach besser gerecht géing ginn. Um Ufank vum offiziellen Deel vun der Feierlechkeeten haten de Buergermeeschter Paul Engel an seng Schäffin Christiane Thommes-Bach, déi fréier Buergermeeschtesch vun der Gemeng Wal, ënner anerem een Historique gemaach an de Wee skizzéiert, wéi et zur Fusioun kommt ass. Kloer wär awer och datt een trotz Fusioun keng grouss Spreng kéint maachen an ee sech ëmmer der Decken no misst strecken. Et kéint een awer, esou de Pol Engel, op alle Fall mat der Fusioun dem Bierger besser Déngschtleeschtungen ubidden. „Mir sinn net räich um materielle Plang ginn, duerfir awer um sozialen a kulturellen“, sou de Buergermeeschter mat Bléck op d’Groussbus-Waler Musek, déi nodeem se fréier well enk kollaboréiert hätten, elo nach besser géing zesummen harmonéieren an ee gutt Beispill duerfir wär wéi och d’Veräinsliewe vun enger Fusioun géing profitéieren. Fotoen: © RTL/Charel Reiser


Publié le 23.09.2024

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.