ACTUALITÉS

Suivez l'actualité avec nous !

Internetoptrëtt op Lëtzebuergesch: Pilotprojet vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der Gemeng Nidderaanwen ënnerstëtzt vum SYVICOL

A Präsenz vum Kulturminister Eric Thill gouf e Méindeg, de 31. Mäerz 2025 zu Nidderaanwen ee Pilotprojet virgestallt, dee virgesäit, datt den Internetoptrëtt vun der Gemeng an Zukunft och op Lëtzebuergesch ass. De SYVICOL, als Daachverband vun den 100 Stied a Gemengen, ënnerstëtzt des Initiativ. De Kulturminister Eric Thill, den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), Alexandre Ecker, an de Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, vertrueden duerch de Buergermeeschter Fréd Ternes, hunn e Méindeg, den 31. Mäerz 2025 eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d’Visibilitéit an d’Notzung vun der Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen ze stäerken. D’Gemenge sinn am Alldag no bei de Biergerinnen a Bierger a sinn dacks déi éischt Ulafstell fir nëtzlech Informatiounen ze bezéien. D’Gemeng Nidderaanwen spillt eng Virreider-Roll, wat de Sprooche-Gebrauch op hirer Internetsäit ugeet. D’Säit ass net nëmme méisproocheg, ma gëtt och integral op Lëtzebuergesch ugebueden. Gemengesäiten op Lëtzebuergesch sinn net just wäertvoll fir déi Leit, déi d’Sprooch schwätzen, ma och besonnesch nëtzlech fir Leit, déi am gaange sinn, eis Sprooch ze léieren. Hei begéinen déi Leit, déi d’Lëtzebuergescht léieren, kuerz a kloer Texter, wou d’Lieser zousätzlech op der méisproocheger Internetsäit an enger anerer Sprooch iwwerpréiwe kënnen, ob si alles richteg verstanen hunn. Mat dëser Konventioun erméiglecht d’Gemeng Nidderaanwen dem ZLS den Zougrëff op d’Textmaterial vun hirer digitaler Mediepresenz a wäert a groussem Mooss d’Sproochmaschinn vum ZLS asetzen. D’Sproochmaschinn bitt eng Sproocherkennung fir d’Transkriptioun vu geschwatener Sprooch an eng Funktioun fir geschriwwen Texter a geschwate Sprooch ëmzewandelen. Dësen Outil stäerkt ënnert anerem d’Accessibilitéit vun der Internetsäit, well esou zum Beispill Persoune mat ageschränkter Vue d’Texter kënne virgelies kréien. Och vu weideren Ënnerstëtzunge vum ZLS, wéi zum Beispill Recommandatioune fir Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch, wäert d’Gemeng Nidderaanwen kuerzfristeg profitéieren. Fir de Kulturminister Eric Thill, zoustänneg fir d’Lëtzebuerger Sprooch, ass dës Konventioun ee wichtegen éischte Schrëtt: “Dëse Pilotprojet fërdert d’Zesummenaarbecht mat de Gemengen a stäerkt d’Lëtzebuerger Sprooch am Alldag. Ech sinn iwwerzeegt, datt mat de Produiten, déi am Kader vun dëser Konventioun entstinn, all eis Gemengen, a besonnesch déi méi kleng, profitéiere kënnen. Dëst alles kënnt de Biergerinnen a Bierger ze gutt, déi sech op Lëtzebuergesch wëllen informéieren.” D’Zil vun der Zesummenaarbecht mat der Gemeng Nidderaanwen besteet doran, duerch praktesch Erfarungswäerter adaptéiert sproochlech an digital Materialien auszeschaffen, déi et géifen, an enger nächster Etappe, alle Lëtzebuerger Gemengen erlaben, hier Internetsäiten a soss Publikatiounen och op Lëtzebuergesch unzebidden. Heizou zielen d’Opstelle vun engem spezifesche Glossär, grad wéi d’Notzung vun den digitalen Outilen vum ZLS, wéi zum Beispill d’Schreifmaschinn op Lëtzebuergesch fir d’Gemengerots-Sëtzungen ze dokumentéieren. De Jacques Bauer, Schäffe vun der Gemeng Nidderaanwen, war och a senger Qualitéit als Comitésmember vum SYVICOL present. D’Gemengesyndikat wäert bei der Ëmsetzung vun dësem Projet fir all d’Gemengen am Land berodend mam ZLS zesummeschaffen. Umierkung: Fir dës Aktualitéit huet de SYVICOL op de Communiqué vum Kulturministère zeréckgegraff.Fotoen : © Ministère de la Culture


Publié le 07.04.2025

BONNES PRATIQUES

Laissez vous inspirer par notre collection d'initiatives communales innovantes !

ANNUAIRE DES COMMUNES

L'annuaire complet des communes de Luxembourg

L'annuaire des communes vous permet de trouver facilement des informations sur toutes les communes, y compris leurs responsables politiques et les coordonnées de leurs principaux services.


ANNUAIRE DES SYNDICATS

Un répertoire exhaustif des syndicats de communes

L'annuaire des syndicats donne une vue d'ensemble sur tous les syndicats de communes, quel que soit leur domaine d'activités, avec leurs décideurs politiques et les données de contact des agents principaux. 


EVÉNEMENTS

Retrouvez ci-dessous nos prochains événements !

App SYVICOL pour Android & IOS

Téléchargez notre application mobile conviviale et ayez toute l'information sur le SYVICOL dans votre poche !

Rejoignez-nous sur Facebook et Linkedin

Nos réseaux sociaux sont le meilleur endroit pour rester à jour avec nos dernières tendances et nouveautés.

Suivez nous sur Linkedin

Abonnez-vous à notre newsletter !

Restez informé(e) sur nos activités grâce à des bulletins d'information réguliers.